Beton

Beton Weber

Säit 1974 ass de BETON eis Leidenschaft.

An de leschte 40 Joer ass den ursprénglech klenge Service zu engem Haaptservice vun der Firma Weber et Cie ginn.

Eis Betonszentral AMMANN-ELBA aS1 gouf vun der Administratioun "Ponts et Chaussées" zertifiéiert a produzéiert am Duerchschnëtt 20.000 Kubikmeter Beton am Joer.

8 Betonmëscher liwweren de Baustoff bei eis Clienten. Falls de Zougang zu engem Chantier net evident ass, da kenne mer nach ëmmer op eis Betonspompel "Putzmeister M42-5" oder eise Mixer "Schwing FBP24-3" zréckgräifen.

Natierlech kann de Client och säi Beton selwer ofhuelen. Mir bidde 50 verschidden Zorte vu Betonsrezepter.

An mir beroden Iech gären, wéi ee Beton fir Äre Projet dee richtegen ass!

 

 

Beton Weber

Am Hierscht 2014 goung eise modern Betonsrecyclingsanlag a Betrib.

Eise Wonsch war fir eist wäertvollst Ressource, d'Waasser, ze spueren an ze erhalen. Duerch déi Anlag si mer an der Lag fir de Reschtbeton an och d'Wäschwaasser vun de Betonscamione rem propper ze kréie fir rem weiderzeverwenden.

Dobäi ginn an engem éischte Schratt Kies, Sand an Zementschlamm getrennt. Um Enn vun dëser Prozedur ginn de Kies an de Sand rem fir d'Betonsproduktioun verwent.

An engem zweete Schratt gëtt den Zementschlamm mat Héichdrock duerch eng Filteranlag gepresst, woubäi d'Waasser komplett vun den Zementpartikele getrennt gëtt an d'Spullwaasser ëmmer rem ka verwennt ginn.

 

 

Beton Weber
Beton Weber
Beton Weber
 

"Ich arbeite gerne hier, weil: Der Firma eilt ein guter Ruf voraus, in einigen Worten zusammengefasst: Zuverlässig, familiär, verständnisvoll, flexibel, korrekt, gegenseitiger Respekt, freundlich, menschlich. Es herrscht eine gute Atmosphäre, eine gute Arbeitsstruktur und das seit Generationen. Das Besondere an diesem Unternehmen ist: Sensibilisierung bzw. Einbeziehung des Personals in gewissen Entscheidungen und Handeln. Der Kunde sollte ich für „Weber“ entscheiden: weil sie stets flexibel und zuverlässig sind!"

Kandels Lothar

Précédent projet
Prochaine projet