D'Firma Weber et Cie S.à r.l. gouf am Joer 1931 vum Nicolas Weber gegrënnt.
Mat den zwee einfache Grondwäerter "Qualitéit an Traditioun" viru sengen Aan, huet den Nic. Weber d'Basis vun engem laangjäregen Erfolleg erschaaft, deen lo schon säit 4 Generatioune besteet.
Genau dës zwee Grondwäerter fënnt een am Logo vun der Firma erëm. Dese besteet aus 2 Häckeger déi d'Grondwäerter an d'Philosophie vun der Firma erëm spigelen.
Am Laaf vun de Joren huet d'Firma sech erweidert an ass an enger ganzer Reih vu Servicer täteg. D'Schwéierpunkte leien awer haaptsächlech am Déif- a Stroossebau, dem Gaart- a Landschaftsbau an an der Produktioun a Liwwerung vu Beton.
Obwuel d'Firma Weber et Cie sech duerch de Bau vun neie Büro'en an engem neien Atelier, an och eng Ëmstrukturéierung an der Administratioun erlieft huet, bleift se nach ëmmer ee klassesche Familljebetrib. Ënnert den 75 Mataarbechter kennt jiddereen sech; dëst féiert zu engem angenehmen a frëndlechen Aarbechtsklima.
Falls Dir Iech wëllt vun eise Qualitéiten, Produkter a Servicer loossen, dann zéckt net eis unzeruffen.

Eise Büro gouf 2012 fäerdeg gebaut a spigelt eis Leidenschaft fir de Beton erëm. Et ass den Zentrum vun der Firma, wou mëttlerweil 9 Leit schaffen, vun der Comptabilitéit bis zu der Direktioun.
Kommt laanscht, mir berooden Iech ganz gär perséinlech.
Den Atelier ënnersträicht de Schratt vun der Firma an eng nei Ära. Dëst Gebai, dat 2013 fäerdeg gouf, bitt Aarbechtsmaterial um neiste Stand.
Sou kennen eis 7 Garagisten propper an effektiv schaffe fir eise komplette Fuerpark an der Reih ze halen.
"Ich arbeite gerne hier, weil: Der Firma eilt ein guter Ruf voraus, in einigen Worten zusammengefasst: Zuverlässig, familiär, verständnisvoll, flexibel, korrekt, gegenseitiger Respekt, freundlich, menschlich. Es herrscht eine gute Atmosphäre, eine gute Arbeitsstruktur und das seit Generationen. Das Besondere an diesem Unternehmen ist: Sensibilisierung bzw. Einbeziehung des Personals in gewissen Entscheidungen und Handeln. Der Kunde sollte ich für „Weber“ entscheiden: weil sie stets flexibel und zuverlässig sind!"